Bass & Irritatiounen
BASS OP DER KAPPHAUT
Déi richteg Fiichtegkeetsversuergung vun der Kapphaut ass en empfindlechen Equiliber, dee muss erhale ginn.
Aggressiv kosmetesch Mëttele kënnen nämech dëst Gläichgewiicht stéieren an déi natierlech Schutzschicht vun der Kapphaut veränneren.
Doduerch gëtt et fir schiedlech Stoffer méi einfach, an d‘Haut anzezéien.
E Mangel u Fiichtegkeet kann dann zu Mikroentzündungen vun der Kapphaut féieren, déi Bass, rout Plazen a Verspanunge verursaache kënnen. Fir sou Desagrémenter ze vermeiden, ass et extrem wichteg, Produkter ze benotzen, déi fir d’Kapphaut geeegent sinn.
Et muss een och berücksichtegen, datt extern Aflëss d‘Situatioun verschlëmmere kënnen, wéi z.B. d‘Ëmweltverschmotzung, Stress, hormonell Verännerungen, verschidde medizinesch Traitementer, eng ongesond Ernierungsweis,…
BT
Fleegende Shampoing
LT
Lotioun
R’BOOST
Sirop booster
RCAPS ANTI STRESS
Narungsergänzung
R’BOOST
Sirop Booster
Op Basis vu Kapezinnerkap / Kurkuma / Weizenkeimer / Bockshornkléi
Dëse Sirop ass eng dynamesch Mëschung op Basis vu sibireschem Ginseng, Aloe vera, Macawuerzel, Papaya a Rhodiola. Als antioxidatiivt Elixir stimuléiert a stäerkt et net nëmmen d’Hoer, ma de ganzen Organismus.
BT
Fleegende Shampoing
Op Basis vun ätheereschem Salbei- an Zitrounenueleg, Zénk.
E speziell fir sensibel Kapphaut entwéckelte Shampoing. Op Basis vun ätheereschem Salbei-, Zitrounen- a Lamebléit-Ueleg souwéi Zénk eegent e sech fir heefegt Kappwäsche bei all Hoertyp. D’Hoer gëtt gestäerkt, kritt méi Volume, méi Glanz a Vitalitéit.
LT
Lotioun
Op Basis vun ätheereschem Salbei- a Mënzueleg, Lamebléit-Extrakt a Bioqualitéit, Zénk, Provitaminn B5.
D’Kombinatioun vum ätheeresche Salbei- a Mënzueleg, dem Lamebléit-Extrakt a Bioqualitéit, dem Zénk an dem Provitaminn B5 rengegt d’Kapphaut vun allem, wat Bass verursaacht, a respektéiert dobäi de pH-Wäert vun der Haut.
RCAPS ANTI STRESS
Narungsergänzung
Op Basis vu Magnolie / Baldrian / Passiounsblumm / Vitaminn B6
Tabletten op Basis vun engem Extrakt aus der Schuel vum Magnoliebam (wierkt géint Stress an Ängschten), Baldrian (wierkt berouegend bei Nervositéit), de Bléie vun der Passiounsblumm (wierkt berouegend an entspanend) a Vitaminn B6.
Eis Soin-Zentren
an der Welt
Eisen Online-Buttek
Är Soinen doheem
Partner ginn
en Institut opmaachen
Rekrutement
kommt an eis Ekipp