DRÉCHEN HOER AN DRÉCHEN KAPPHAUT
91% Nogewisen Effikassitéit
ënner medezinescher Kontroll getest
DRÉCHEN HOER AN DRÉCHEN KAPPHAUT
Dréchen Hoer sinn Hoer, déi virzäiteg gealtert sinn.
De Keratin, aus deem d‘Hoer bestinn, verléiert seng Elastizitéit, doduerch ginn d‘Hoer dréchen an zerbriechlech. Et kann ee souguer sou wäit goen ze behaapten, dass dréchen Hoer krank Hoer sinn.
D’Fleeg vun dréchenen Hoer erfuerdert eng besonnesch Opmierksamkeet an huet speziell Viraussetzeungen, fir dem Hoer seng Elastizitéit zuréckzeginn a gläichzäitig d‘Hoerfaser nees obzebauen.
RC3S
Komplex vun ätheereschen Ueleger fir dréchent Hoer
HSP
Fleegeueleg fir strapazéiert an dréchent Hoer
BN
Fleegend Hoerkur
SH
Soin fir d’Spëtze bei dréchenem an déckem Hoer
SR
Soin fir d’Spëtze bei dréchenem a rengem Hoer
TES
Regenerativ Behandlung
TSO
Behandlung mat Oligoelementer
BN
Fleegend Hoerkur
Op Basis vun Aminosaieren op Huewerbasis, Proteinnen aus dem Weess, ätheereschem Lavendel- an Ylang-Ylang-Ueleg, Orangenextrakt a Bioqualitéit.
Dës Kur ass speziell fir dréchent Hoer entwéckelt ginn op der Grondlag vun Aminosaieren op Huewerbasis, Proteinnen aus dem Weess, ätheereschem Lavendel- an Ylang-Ylang-Ueleg, Orangenextrakt a Bioqualitéit. Äert Hoer gëtt rehydratéiert a revitaliséiert, et gëtt méi mëll a kritt méi Glanz. Besonnesch recommandéiert bei devitaliséierten, destrukturéierten, gefierften, geglätten, gekrauselten Hoer respektiv Hoer mat Zweespëtzen oder enger Permanente.
RC3S
Komplex vun ätheereschen Ueleger fir dréchent Hoer
Déi äthereesch Palmarosa-, Geranium- a Jojoba-Ueleger wéi och den native Saflorueleg a Bioqualitéit si ganz narhaft fir d’Kapphaut. De Komplex gëtt dem dréchenen a geschwächten Hoer erëm Glanz a Geschmeidegkeet.
D’ätheeresch Ueleger zéie gutt an. Si erhéijen de pH-Wäert vun der Epidermis, droen zur Sauerstoffversuergung bäi, fërderen d’Bluttversuergung, d’Hydratéierung an d’Eliminatioun vun toxesche Stoffer.
SR
Soin fir d’Spëtze bei dréchenem a rengem Hoer
Op Basis vu Sheabotter, Arganueleg, Mierkollageen.
Soin op Basis vu Mierkollageen, Sheabotter an Arganueleg an zertifizéierter Bioqualitéit. D’Hoer gëtt mat Närstoffer versuergt, ouni datt et schwéier gëtt. Äert Hoer gëtt geschmeideg a kritt Glanz. Recommandéiert fir rengt Hoer.
SH
Soin fir d’Spëtze bei dréchenem an déckem Hoer
Op Basis vun Ylang-Ylang-Mëllech an Orangenextrakt a Bioqualitéit.
Soin op Basis vun Ylang-Ylang-Mëllech an Orangenextrakt a Bioqualitéit. D’Hoerfaser gëtt reparéiert, d’Hoer gestäerkt, esou datt et glat gëtt a Glanz kritt. An dësem Produit si keng Parabeenen a keng Allergeenen.
TES
Regenerativ Behandlung
Op Basis vu Lamebléit-Extrakt, Rosmarin, Maisextrakt an Omega 6.
Coffret mat 12 Ampullen. Dréchen an dehydratéiert Kapphaut gëtt erëm hydratéiert. Formule op Basis vu Lamebléit-Extrakt, Rosmarin, Maisextrakt an Omega 6.
TSO
Behandlung mat Oligoelementer
Op Basis vun Omega 6, Vitaminn B6, Koffer, Zénk, Magnesium, Mangan, ätheereschem Salbei- a Mënzueleg.
Coffret vun 12 Ampullen. Stäerkt d’Hoer a gëtt em neie Glanz.
HSP
Fleegeueleg fir strapazéiert an dréchent Hoer
Op Basis vun Argan-, Noss- a Sonneblummenueleg.
Dëse Soin op Basis vun Argan-, Noss- a Sonneblummenueleg a Bioqualitéit hëlleft bei ausgedréchentem Hoer. Duerch eng héich Konzentratioun vu planzlechen Ueleger (+ 76 %) ass et eng effikass Fleeg fir abiméiert a gefierft Hoer. D’Hoer gëtt restrukturéiert, op en Neits geschmeideg a kritt erëm Glanz.
Eis Soin-Zentren
an der Welt
Eisen Online-Buttek
Är Soinen doheem
Partner ginn
en Institut opmaachen
Rekrutement
kommt an eis Ekipp