EXTRA DRÉCHEN HOER
91% nogewisen Effikassitéit
ënner medezinescher Kontroll getest
EXTRA DRÉCHEN HOER
Hoer vu Mënschen mat métisséierten an afrikaneschen Eegeschafte brauchen eng besonnesch Fleeg.
D’Fleeg vun dësen Hoer sollt vill narhaft, fiichtgkeetsspendend Wierkstoffer enthale fir d‘Hoerfaser ze fleegen.
Et ass wichteg ze betounen, dass d‘Verwendung vun ze vill aggressiven Hoerfleegeprodukter, wéi z.B. bei Dauerwellen, Défrisage a Fierwe mat Ammoniak, eng virzäiteg Alterung vun den Hoerfaser favoriséiert.
RC3S
Komplex vun ätheereschen Ueleger fir dréchent Hoer
HSP
Fleegeueleg fir strapazéiert an dréchent Hoer
BI
Shampoing fir besonnesch dréchen Hoer
SI
Fleeg fir besonnesch dréchen Hoerspëtzen
TES
Regenerativ Behandlung
BI
Shampoing fir besonnesch dréchen Hoer
Op Basis vu Makadamianossueleg, Orangenextrakt a Bioqualitéit.
Dëse Kurshampoing gouf fir ganz dréchen Hoer entwéckelt. En erlaabt en effikasst Wäschen, woubäi awer d’Natur vun dësem dacks destrukturéierten Hoertyp respektéiert gëtt. Déi fleegend Wierkstoffer am Makadamianossueleg beispillsweis hydratéieren d’Hoer, wouduerch d’Hoer herno méi einfach ze kämmen an ze coifféieren ass. De Shampoing gouf entwéckelt, fir an der Déift ze wierken an d’Hoer méi geschmeideg ze maachen, sou datt et méi mëll a besser ze kämmen ass an och vill méi Glanz kritt.
RC3S
Komplex vun ätheereschen Ueleger fir dréchent Hoer
Déi äthereesch Palmarosa-, Geranium- a Jojoba-Ueleger wéi och den native Saflorueleg a Bioqualitéit si ganz narhaft fir d’Kapphaut. De Komplex gëtt dem dréchenen a geschwächten Hoer erëm Glanz a Geschmeidegkeet.
D’ätheeresch Ueleger zéie gutt an. Si erhéijen de pH-Wäert vun der Epidermis, droen zur Sauerstoffversuergung bäi, fërderen d’Bluttversuergung, d’Hydratéierung an d’Eliminatioun vun toxesche Stoffer.
SI
Fleeg fir besonnesch dréchen Hoerspëtzen
Op Basis vun Oliven- a Macadamianossueleg, Sheabotter.
Soin mat planzlechen Ueleger (Oliven, Macadamianëss) a Sheabotter (3 %) hydratéiert a stäerkt besonnesch dréchent Hoer, ouni datt et doduerch schwéier gëtt. D’Hoer gëtt mëll a geschmeideg.
HSP
Fleegeueleg fir strapazéiert an dréchent Hoer
Op Basis vun Argan-, Noss- a Sonneblummenueleg.
Dëse Soin op Basis vun Argan-, Noss- a Sonneblummenueleg a Bioqualitéit hëlleft bei ausgedréchentem Hoer. Duerch eng héich Konzentratioun vu planzlechen Ueleger (+ 76 %) ass et eng effikass Fleeg fir abiméiert a gefierft Hoer. D’Hoer gëtt restrukturéiert, op en Neits geschmeideg a kritt erëm Glanz.
TES
Regenerativ Behandlung
Op Basis vu Lamebléit-Extrakt, Rosmarin, Maisextrakt an Omega 6.
Coffret mat 12 Ampullen. Dréchen an dehydratéiert Kapphaut gëtt erëm hydratéiert. Formule op Basis vu Lamebléit-Extrakt, Rosmarin, Maisextrakt an Omega 6.
Eis Soin-Zentren
an der Welt
Eisen Online-Buttek
Är Soinen doheem
Partner ginn
en Institut opmaachen
Rekrutement
kommt an eis Ekipp