FETTEG HOER a KAPPHAUT
FETTEG HOER a KAPPHAUT
Et schwätzt ee vu fetteger Kapphaut a fettegen Hoer, wann d‘Hoer blénken a schwéier ginn. D‘Hoerwuerzele pechen op der Kapphaut.
Dëst Phänomen ass op eng Stéierung vun der Talgdrüs zeréckzeféieren. Se produziert ze vill Talg, an dee breet sech an den Hoerfollikel aus.
D‘Ursaache fir dës Stéierung kënne villfälteg sinn. Dofir ass et sënnvoll, en Expert ze konsultéieren, deen eng ëmmfaassend Hoerdiagnos opstellt fir dee richtegen Traitement proposéieren ze kënnen.
R’caps gras
Tablette fir d’Sebum-Regulatioun
BR
Fleegende Shampoing fir fettegt Hoer
TCG
Lotioun fir fettegt Hoer
GG
Intensivfleeg fir fettegt Hoer
RC3G
E Komplex vun ätheereschen Ueleger fir fettegt Hoer
BR
Fleegende Shampoing fir fettegt Hoer
Op Basis vu wäisser Tonäerd, ätheereschen Ueleger (Zitroun, Werbeen, Ylang-Ylang) an Orangenextrakt a Bioqualitéit.
Fleegeshampoing extra fir fettegt Hoer, op Basis vun ätheereschen Ueleger a wäisser Tonäerd. E reguléiert d’Seborrhö, verbessert de Glanz a gëtt Ärem Hoer méi Volume.
Den ätheeresche Werbeen-Ueleg hemmt Entzündungen an huet eng rengegend Wierkung.
Den ätheereschen Ylang-Ylang-Ueleg revitaliséiert d’Kapphaut.
Den ätheereschen Zitrounenueleg reguléiert d’Seborrhö.
RC3G
E Komplex vun ätheereschen Ueleger fir fettegt Hoer
Op Basis vun ätheereschem Zitrounen- an Ylang-Ylang-Ueleg, Jojoba-Ueleg, essenzielle Fettsaieren (Vitaminn F).
EEGENSCHAFTEN
D’Kombinatioun vun dem ätheereschen Zitrounen- an Ylang-Ylang-Ueleg an dem Vitaminn F ass immens effizient bei Seborrhö: noweislech wierkt de Komplex zu 81 %* géint d’Sebumproduktioun an zu 78 % bei der Reduzéierung vun der Réckfettung vun den Hoer.
INHALTSSTOFFER
- SAFLORUELEG: räich un essenzielle Fettsaieren, fleegt a restrukturéiert d’Hoer.
- JOJOBA-UELEG: mécht d’Hoer mëll a gëtt hinne Glanz.
- YLANG-YLANG: revitaliséiert.
- ZITROUN: rengegt a reguléiert d’Sebumproduktioun.
* EFFIKASSITÉIT
- Wierkt effikass géint d’Seborrhö: 81 % vun de Leit hu sech positiv geäussert.
- Reguléiert d’Réckfettung: 81 % vun de Leit hu sech positiv geäussert.
TCG
Lotioun fir fettegt Hoer
Op Basis vun Oligo-Elementer (Koffer, Zénk), ätheereschem Zitrounen- a Lavendelueleg.
Dës Spülung op Basis vu Koffer, Zénk an ätheereschen Ueleger reguléiert d’Sebumproduktioun. Se verbessert d’Sauerstoffversuergung vun der Kapphaut an dem Hoer.
GG
Intensivfleeg fir fettegt Hoer
Op Basis vu Lamebléit-Extrakt, ätheereschem Zitrounen- a Salbeiueleg, Zénk, Vitaminn B6.
Coffret mat 12 Ampullen. Wierkt géint fettegt Hoer a stäerkt et. Duerch déi kombinéiert Aktioun vun ätheereschen Ueleger, Zénk a Vitaminn B6 gëtt d’Sebumproduktioun reguléiert an d’Hoer gëtt erëm gesond. Am Produit si keng Parabeenen.
R’caps gras
Tablette fir d’Sebum-Regulatioun
Op Basis vu Klettextrakt, Bettseechesch, Artichaut, Bambus, Kazeschwanz a Vitaminn B8.
D’Wuerzel vun der Klett rengegt d’Haut a wierkt géint Akne a fetteg Haut.
D’Bettseechesch huet eng rengegend Wierkung.
De Kazeschwanz verbessert d’Kapphaut.
De Bambus restrukturéiert a stäerkt d’Hoerfaser.
De Vitaminn B8 stäerkt d’Hoer.
Eis Soin-Zentren
an der Welt
Eisen Online-Buttek
Är Soinen doheem
Partner ginn
en Institut opmaachen
Rekrutement
kommt an eis Ekipp