HOERAUSFALL
86 à 99% Nogewisen Effikassitéit
ënner medezinescher Kontroll getest
HOERAUSFALL an ALOPEZIE
Charakteristesch fir dës Zort vu Funktiounsstéierung, déi Alopezie genannt gëtt, ass en anormalen Hoerausfall. Mat abnormal menge mir méi wéi 100 Hoer den Dag.
D’Uersache vun der Alopezie sinn op verschidde physiologeschen an ëmweltbedéngte Faktoren zeréckzeféieren. Se ka souwuel Männer wéi och Fraen vun all Alter betreffen.
Bei den éischten Unzeeche vun Alopezie ass es wichteg, e professionellen Traitement unzefänken, fir dat Phänomen schnell an de Grëff ze kréien.
Eis Behandlunge géint Hoerausfall
RCAPS CHUTE
Narungsergänzung
CCL +
Lotioun géint Hoerausfall
L2A
Lotioun ANTI AGE + HOERAUSFALL
HP20
Lotioun géint Hoerausfall
BPC
Shampoing géint Hoerausfall
RC3C
Komplex vun ätheereschen Ueleger géint Hoerausfall
RCAPS ANTI STRESS
Narungsergänzung
PCB
Géint Hoerausfall, bio-aktiv
L2A
Lotioun ANTI AGE + HOERAUSFALL
Op Basis vu Klett a Bioqualitéit, Kurkuma, Biosaccharid an Aloe vera a Bioqualitéit.
EEGENSCHAFTEN
Dës medezinesch getest Lotioun wierkt bei Hoerausfall an huet en Anti-Aging-Effekt. Hir eenzegaarteg Zesummesetzung reduzéiert den Hoerausfall a verbessert gläichzäiteg d’Qualitéit an d’Densitéit vum Hoer. D’Ingrediente vun dëser Lotioun sinn zu 99 % natierlech, 30 % dovu si bio-zertifizéiert.
INHALTSSTOFFER
KURKUMA: stimuléiert de Wuesstem, d’Densitéit an d’Qualitéit vum Hoer. Wierkt sech regenerativ op d’Hoerfollikelen aus, reinitialiséiert den Hoerzyklus a verlängert d’Wuesstemsphas.
BIOSACCHARID: Planzekomplex, deen d’Hoer hydratéiert an ëmmantelt, wat zu enger besserer Gesondheet vum Hoer bäidréit an et méi dicht ausgesi léisst.
KLETT: gëtt wéinst hire sebum-regulatoreschen Eegenschafte benotzt an huet eng adstringéierend Wierkung, wat der Hypersekretioun vun Hautfett entgéintwierkt.
ALOE VERA: ass räich u Polysacchariden a Glycoproteinen a bekannt fir hir berouegend Eegenschaften, hydratéiert a regeneréiert.
Effikassitéit a kosmeetesch Qualitéiten:
Noweislech 86 % Wierksamkeet beim Erhalt vum Hoer.
Noweislech 86 % Wierksamkeet bei der Reduzéierung vum Hoerausfall.
RCAPS ANTI STRESS
Narungsergänzung
Op Basis vu Keratinhydrolat, Bambus- a Rhodiolawuerzelextrakt, Zénk, Koffer, Eisen, Selen a Silizium. Vitaminnen C, B1, B2, B3, B5, B8 a B9.
Dëst Präparat mat senge Vitaminnen, Mineralien, dem Keratin an de schwiefelhaltegen Aminosaieren wierkt optimal géint Hoerausfall. Et aktivéiert an engems d’Wuesse vum Hoer.
BPC
Shampoing géint Hoerausfall
Op Basis vun Oligo-Elementer (Koffer, Zénk, Silizium), Silanol. Ouni Allergeenen.
Dëse Shampoing, dee speziell géint Hoerausfall entwéckelt gouf, gëtt hiergestallt op Basis vu Koffer, Zénk, organeschem Silizium a vun Ecocert zertifizéierten Orangenextrakter a Bioqualitéit. En enthält weeder Faarfstoffer nach Parabeenen. Am Parfum, deen agreabel no gréngem Téi richt, si keng Allergeenen. De Shampoing wierkt sech positiv aus op d’Wuessen, d’Bildung vun Zellen, déi de Keratiniséierungsprozess an de perivaskuläre Reseau stimuléieren. Dëse Fleegeshampoing eegent sech fir all Hoertyp.
RC3C
Komplex vun ätheereschen Ueleger géint Hoerausfall
Op Basis vun ätheereschem Salbei-, Mënz- an Ylang-Ylang-Ueleg, Saflorueleg a Bioqualitéit a Vitaminn F.
Den ätheeresche Salbei-, Mënz- an Ylang-Ylang-Ueleg, den native Saflorueleg aus biologeschem Ubau an de Vitaminn F stäerken d’Kapphaut a wierke präventiv géint Hoerausfall. De Komplex RC3 versuergt d’Geweebe mat Sauerstoff a Fiichtegkeet. Duerch déi ätheeresch Ueleger ginn d’Hoer gestäerkt a kréie Glanz.
HP20
Lotioun géint Hoerausfall
Dëst spezifescht Traitement géint Hoerausfall op Basis vun Zénk, Koffer, Mangan, Vitamin B5 an ätheereschem Lavendelueleg ënnerstëtzt d’Hoer beim Wuessen. De Mënzueleg wierkt erfrëschend op d’Kapphaut a stäerkt d’Hoer.
CCL +
Lotioun géint Hoerausfall
Op Basis vun Hairgenyl, Biosaccharide Gum, Aloe vera, Klett a Bioqualitéit an ätheereschem Zitrounen- a Pamplemousse-Ueleg.
Dës nei Lotioun géint Hoerausfall CCL+ mat senger verbesserter Rezeptur wierkt direkt op d’dermal Papillen, esou datt den Hoerausfall gebremst an d’Wuesse vum Hoer stimuléiert gëtt. An engems ginn déi eenzel Hoer gestäerkt, soudatt se méi dicht ausgesinn a méi liicht ze coifféiere sinn.
Eng deeglech Uwendung féiert zu méi Kapillarvolumen a méi gesondem Hoer.
Lotioun géint Hoerausfall op Basis vun Hairgenyl, Biosaccharide Gum, Aloe vera, Klett a Bioqualitéit an ätheereschem Zitrounen- a Pamplemousse-Ueleg.
HAIRGENYL: Peptiden, déi d’dermal Papillen aktivéieren an d’Hoerfollikel stimuléieren.
Dës Peptide féieren zu méi dichtem Hoer a reduzéieren den Hoerausfall.
BIOSACCHARIDE GUM1: Hydratéiert an ëmmantelt d’Hoer, wat zu enger besserer Gesondheet vum Hoer bäidréit an et méi dicht ausgesi léisst.
ALOE VERA A BIOQUALITÉIT: Bekannt fir seng berouegend Eegenschaften, dernieft hydratéiert a reparéiert Aloe vera d’Hoer.
KLETT A BIOQUALITÉIT: Reguléiert d’Hautfett an huet eng adstringéierend Wierkung, wat enger Hypersekretioun vun Hautfett entgéintwierkt.
ÄTHEERESCH UELEGER: Zitroun a Pamplemousse fir Glanz an eng geschmeideg Hoerfaser.
99,4 % NATIERLECH INGREDIENTEN
PCB
Géint Hoerausfall, bio-aktiv
Op Basis vu Bounenextrakt, Zénk, Provitaminn B5 a Vitaminn B6.
Coffret mat 12 Ampullen. Dem Hoerausfall gëtt entgéintgewierkt, andeems d’Kapphaut stimuléiert gëtt. D’Behandlung eegent sech fir all Typ vu Kapphaut. Är Hoer kréien erëm hire volle Glanz a gi geschmeideg. Am Produit ass kee Parabeen.
RCAPS CHUTE
Narungsergänzung
Op Basis vu Keratinhydrolat, Bambus- a Rhodiolawuerzelextrakt, Zénk, Koffer, Eisen, Selen a Silizium. Vitaminnen C, B1, B2, B3, B5, B8 a B9.
Dëst Präparat mat senge Vitaminnen, Mineralien, dem Keratin an de schwiefelhaltegen Aminosaieren wierkt optimal géint Hoerausfall. Et aktivéiert an engems d’Wuesse vum Hoer.
Eis Soin-Zentren
an der Welt
Eisen Online-Buttek
Är Soinen doheem
Partner ginn
en Institut opmaachen
Rekrutement
kommt an eis Ekipp